Actualité Informations
Publié le 19 mai 2023

Weiderhin gutt Aarbechtskonditiounen fir ons Gemengenaarbechter

2023-05-17-Avenant Kollektivvertrag-IMG-8069-Gemeng Kielen

SHARE

Neien Avenant zum bestoende Kollektivvertrag fir d'Kielener Gemengenaarbechter

Den 17/05/2023 huet de Schäfferot zesummen mat der Personaldelegatioun vun den Aarbechter an de Vertrieder vun OGBL an LCGB, en Avenant zum Aarbechter-Kollektivvertrag vun der Gemeng Kielen ënnerschriwwen.

Sou ass ënner anerem festgehalen ginn, dass d’Personal vum Regiebetrib am Summer, a falls de Gesondheetsministère eng Temperatur- oder Ozonwarnung eraus gëtt, hire Service Moies éischter kënnen ufänken.

Wat d’Permanencen betrëfft, sou ass de Primesystem der Realitéit um Terrain ugepasst ginn, an et ass nach emol drop higewisen ginn, wéi déi gesetzlech festgehalen Aarbechtszäiten definéiert sinn.

Alles an allem, droen déi Mesuren dozou bäi, dass d’Aarbechtskonditiounen méi sécher ginn, an d'Aarbechter vun der Gemeng Kielen op weiderhin gutt Aarbechtsbedingungen zeréckgräife kënnen.

Op der Foto (v.l.n.r): Félix Eischen (Buergermeeschter), Marc Bissen (éischte Schäffen), Christian Sikorski (OGBL), Carlo Wagener (LCGB), Michel Wirtz (Personaldelegatioun), Romain Kockelmann (zweete Schäffen), Michel Schmit (Personaldelegatioun)
© Foto: Mediathéik Gemeng Kielen