Actualités Publié le 22 août 2019

Kielener Gemengerot ¦ Ëmsetzung vun der Stechstrooss tëscht der Zone d'Activité an dem CR 102

Traffic-Olm-Raymond-Faber(10)-2

An der Sëtzung vum 12. Juli huet de Kielener Gemengerot eestëmmeg festgehalen dass mir weiderhin op d'Ëmsetzung vun der Stechstrooss tëscht der Zone d'Activité an dem CR 102 tëscht Kielen a Mamer insistéieren.

De gréissten Deel vum Trafic an an aus der Zone, wou ewell méi wei 1500 Leit schaffe, geet duerch Ollem selwer an och duerch Kielen.

Déi ugeschwate Verbindung déi opgrond vu Gespréicher mat de respektive Ministèrë studéiert gouf, wier eng reell Entlaaschtung vun 2 Duerfkären an eiser Gemeng.

Dee massive Verkéier, deen zum groussen Deel aus Schwéiertransport besteet ass fir d'Awunner net méi zoumuttbar a stellt eng reell Gefor duer.

Déi Responsabel vu Kielen sinn sech wuel bewosst dass deen allgemeng favoriséierten Tracé tëscht, mee net duerch 2 Naturagebidder geet a sinn op fir all konstruktiivt Gespréich iwwert Kompensatiounsmesurë fir de sougenannten Duerchschneidungseffekt ze minimiséieren.

Mir hunn déi zoustänneg Ministèren a Verwaltungen ugeschriwwe fir sech esou séier wéi méiglech iwwert déi nächst Schrëtt eens ze ginn. Mir halen d’Bierger aus der Gemeng Kielen um Lafenden

De Buergermeeschter a seng Schäffen am Numm vum Gemengerot