Manifestation 13 octobre 2019

Journée de la Commémoration Nationale

Commemoration Nationale 2019

Informations générales


Date

13 octobre 2019 à partir de 10:30

Horaires

De 10h30 à 00h00

Localité

Nouspelt

Organisateur

Gemeng Kielen

E Sonnden, den 13. Oktober 2019, gëtt am ganze Land duerch eng « Journée de la Commémoration Nationale » un de Widderstand erënnert, deen d’Lëtzebuerger Vollek wärend der Besetzung an de Joren 1940 bis 1945 geleescht huet.
An der Stad deposéiert de Grand-Duc a Präsenz vum diplomatesche Corps a vun den Autoritéiten e Kranz virum Monument vun der nationaler Solidaritéit.
Duerno gi Blumme beim « Monument du Souvenir », beim « Hinzerter Kräiz » a beim « Monument de la Déportation Civile et Militaire » niddergeluecht.
D’Awunner vun der Gemeng Kielen schléissen sech dëse Feierlechkeeten un fir un d’Resistenz am Krich z‘erënneren.
Feierlech Gedenkmass zu NOUSPELT an der Kierch e SONNDEG 13. Oktober 2019 um 10.30 Auer.
No der Mass, géint 11.15 Auer, gëtt eng Gerbe néiergeluecht an d’Fanfare Kielen spillt d’Sonnerie aux Morts an d’Heemecht.
D’Awunner an d’Veräiner vun der ganzer Gemeng si frëndlechst gebieden, der Feier esouwäit ewéi méiglech bäizewunnen an d’Fändelen eraus ze hänken.