Manifestation 29 février 2020

Bamschnëttcours - Gaart an Heem Kielen-Ollem

Informations générales


Date

29 février 2020

Localité

Kehlen

Organisateur

Gaart an Heem Kielen-Ollem

E Samsdeg, de 29. Februar
zu Kielen am Schoulgaart ab 14.00 Auer

(hannert dem Terrain vum F.C. Richtung Quatre Vents)

Wann d‘Buerge gebrannt ginn an déi éischt Hoergäns ënnerwee sinn, dann ass keng Zäit méi ze verléieren: d‘Geschier gebotzt an eraus an de Gaart. Als éischt ginn eis Uebstbeem geschnidden. Dir wësst net wéi dat geet? Da kommt bei äis, mir weisen iech wéi et geet! Kommt an de Schoulgaart a léiert beim Profi. De Cours ass gratis.

De Gaart an Heem suergt dervir datt kee kal gëtt.

Bamschnettcours  (1.82 Mo)