Manifestation 28 mars 2020

Grouss Botz - Hëlleft mat!

Informations générales


Date

28 mars 2020 à partir de 09:30

Horaires

09h30

Organisateur

Kommissioun fir Ëmwelt, Verkéier an Douce Mobilitéit vun der Gemeng Kielen an Zesummenaarbecht mat all de Veräiner

Mir botzen eis Gemeng a wäre frou wann s du äis géifs hëllefen

- Rendez-vous fir Kielen : route de Kopstal (Steekaul) beim Fitness
- Rendez-vous fir Keespelt, Meespelt an Dondel : Parking Hall Fakeme
- Rendez-vous fir Nouspelt : beim Centre Culturel (aal Schoul)
- Rendez-vous fir Ollem : beim (aale) Pompjeesall

Eng Secherheetsvest, Händchen an Tuten kritt een op der Platz.

Géint Mëtteg, no der Aarbecht, invitéieren mir Iech an d’Buvette vum FC Kielen, fir e Maufel (Spaghetti Bolognese) zesummen z’iessen an ze drénken. Eng vegetaresch Zooss gëtt och offréiert.