Activités & Manifestations 10 octobre 2021

Journée de la Commémoration Nationale

2021-10-Journée-de-la--Commémoration-Nationale

Informations générales


Date

10 octobre 2021

Horaires

De 09h15 à 12h00

Adresse

Kehlen

E Sonnden den 10. Oktober 2021, gëtt duerch eng « Journée de la Commémoration Nationale » un de Widderstand erënnert, deen d’Lëtzebuerger Vollek wärend der Besetzung an de Joren 1940 bis 1945 geleescht huet.

D’Awunner vun der Gemeng Kielen schléissen sech dëse Feierlechkeeten un fir un d’Resistenz am Krich ze erënneren.

D'feierlech Gedenkmass ass zu Kielen an der Kierch um 9:15 Auer.

No der Mass, gëtt eng Gerbe néiergeluecht an d’Fanfare Kielen spillt d’Sonnerie aux Morts an d’Heemecht.

D’Awunner an d’Veräiner vun der ganzer Gemeng si frëndlechst gebieden d’Fändelen eraus ze hänken.

Duerch déi aktuell Gesondheetssituatioun bieden mer d’Sécherheetsmoossnamen, Gestes barrière ze respektéieren an d’Mask opzedoen, esoubal ee keng Distanz vun zwee Meter zu Leit, déi net mat engem am selwechte Stot wunnen, kann anhalen.