Activités & Manifestations 05 mars 2022

19. Floumaart fir Kannersaachen

19. Floumaart fir Kannersaachen

Informations générales


Date

05 mars 2022

Horaires

De 10h00 à 14h00

D’Jugendkommissioun vun der Gemeng Kielen organiséiert hiren
19. Floumaart fir Kannersaachen.

Är Kanner wuesse séier a brauche reegelméisseg nei Saachen, déi hirem Alter entspriechen? Dann kommt laanscht a maacht eng gutt Affär!

Wat gëtt verkaf ?

(Occasiouns)-Kleeder “ Fréijoer - Summer ”, Kannerfleegeartikelen, Spillsaachen, Spiller, Bicher an DVDen. Alterskategorie? 0-16 Joer.

Wéini ?

De 4. Mäerz vun 17:00 - 21:00 Auer
(fir schwanger Fraen an Elteren mat Bëbeeë bis 1 Joer vun 10:00 bis 11:30 Auer)
AN 
de 5. Mäerz vun 10:00 - 14:00 Auer.

Wou ?

Zu Keespelt am Festsall MUKEME - 35, rue Pierre Dupong
D’Jugendkommissioun verkeeft Gedrénks, Gegrilltes, Zopp, Kaffi a Kuch.

Den Erléis ass fir e gudden Zweck.

Dëst ass en Covid Check-Event.