Gebuertsdag vum FC Kielen : 75 Joer

Informations générales
Date
Localité
Organisateur
Endlech, mat engem Joer Retard ka gefeiert ginn.
D’Festivitéite sinn: Samschdes, den 21. Mee 2022
Um Programm stinn:
Éierung vun de verstuerwene Presidenten zu Keespelt an zu Kielen um Kierfecht
Offiziell Zeremonie (op Invitatioun) am Musekssall zu Kielen.
18h15: Cortège vum Musekssall op de Stade Albert Berchem
a Begleedung vun der Fanfare Kielen. Jiddereen ass wëllkomm.
18h45: Wuertgottesdéngscht mam Diakon Jos Halsdorf
virun der Tribün vum FC Kielen
19h45: Freestyle Football-Show mam Lëtzebuerger Sven Fielitz
(Show chorégraphié sur musique)
20h30: Showoptrëtt vun der „Luma Band“
(Luxembourg Marching Band)
Duerno geet den Dag mat Musek, Iessen an engem gudde Patt um Site vum Stade Albert Berchem op en Enn.
Den Organisatiounscomité '75 Joer FC Kielen'
www.fckielen.lu