Activités & Manifestations 23 juin 2022

Nationalfeierdag 2022

Nationalfeierdag - Banner-2021

Informations générales


Date

23 juin 2022

Horaires

De 17h30 à 20h00

Localité

Olm

Heimat invitéiere mir all Bierger un de Feierlechkeete vum Nationalfeierdag deelzehuelen, déi dëst Joer den 23. Juni zu Ollem vun de Veräiner vun Ollem-Kielen zesumme mat eiser Kulturkommissioun organiséiert ginn


Programm :

  • 17:30 TE DEUM um Parvis vun der Kapell
  • 18:00 Feierlech Nidderleeë vun enger Gerbe beim Monument aux Morts
  • 18:05 d’Veräiner an d’Leit versammele sech beim Haff HILGERT
  • 18:10 Depart vum Cortège an de neie Festsall
  • 18:30 Usprooch vum Här Buergermeeschter Félix EISCHEN
    Iwwerreeche vun de Verdéngschtmedailen Éierewäin offréiert vun der Gemeng
  • Uschléissend : Concert gespillt vun der Musek Keespelt-Meespelt Duerno musikaleschen Encadrement

Bei schlechtem Wieder fält de Cortège aus. Dann ass den TE DEUM am Sall !

De ganzen Owend ginn et Spezialitéite vum Grill, an och fir den Duuscht ass beschtens gesuergt.

Mir wäre frou wann d’Leit géifen de Fändel eraushänken.


Mir wënschen Iech all e schéinen Nationalfeierdag 2022. Vive eise Grand-Duc,
Vive eis groussherzoglech Famill, Vive eist Land!