20. Floumaart fir Kannersaachen

Informations générales
Date
Horaires
Adresse
L-8293 Keespelt
Organisateur
D’Jugendkommissioun vun der Gemeng Kielen organiséiert hiren 20. Floumaart fir Kannersaachen.
Är Kanner wuesse séier a brauche reegelméisseg nei Saachen, déi hirem Alter entspriechen?
Dann kommt laanscht a maacht eng gutt Affär!
Wat gëtt verkaf ?
(Occasiouns)-Kleeder, Kannerfleegeartikelen, Spillsaachen, Spiller, Bicher an DVDen.
Alterskategorie?
0 - 16 Joer.
Wéini ?
De 6.10. vun 18:00 - 19:30 Auer (fir schwanger Fraen an Elteren mat Bebeeë bis 1 Joer),
de 7.10. vu 17:00 - 21:00 Auer AN den 8.10. vun 9:30 - 13:00 Auer.
Wou ?
Zu Keespelt am Festsall MUKEME - 35, rue Pierre Dupong
D’Jugendkommissioun verkeeft Gedrénks, Gegrilltes, Zopp, Kaffi a Kuch.
Den Erléis ass fir e gudden Zweck.