Activités & manifestations
23 juin 2023
2023-06-22 22:00:00+00:00 17:30 23:59Nationalfeierdag 2023

SHARE
Informations générales
Date et horaire : 23.06.2023 17:30
Lieu : Nouspelt
Organisateur : Gemeng Kielen
Heimat invitéiere mir all Bierger un de Feierlechkeete vum Nationalfeierdag deelzehuelen, déi dëst Joer den 23. Juni zu Nouspelt vun de Veräiner vun Nouspelt zesumme mat eiser Kulturkommissioun organiséiert ginn.
Programm
17:30 | TE DEUM an der Kierch zu Nouspelt |
18:00 | Feierlech Nidderleeë vun enger Gerbe beim Monument aux Mortsmat uschléissender Aweiung vun den Gedenktafelen als Erënnerungun déi Nouspelter Zwangsrekrutéiert |
18:15 | D’Veräiner an d’Leit versammele sech um Parking virun der Kierch |
18:20 | Depart vum Cortège fir an de Centre Culturel |
18:30 | Usprooch vum Buergermeeschter Iwwerreeche vun de Verdéngschtmedailen Éierewäin offréiert vun der Gemeng |
Uschléissend | Concert gespillt vun der Fanfare KielenDuerno musikaleschen Encadrement |
Bei schlechtem Wieder fält de Cortège aus.
De ganzen Owend ginn et Spezialitéite vum Grill, an och fir den Duuscht ass beschtens gesuergt.
Mir wäre frou wann d’Leit géifen de Fändel eraushänken.
Mir wënschen Iech all e schéinen Nationalfeierdag 2023.
Vive eise Grand-Duc, Vive eis groussherzoglech Famill, Vive eist Land!