Galeries Photo Publié le 07-03-2019

Verbindungswee zwëschen dem Quatre Vents a Keespelt

Um Verbindungswee zwëschen dem Quatre-Vents a Keespelt goufen des Woch Leitplanke laanscht Strooss installéiert.

Vill Leit aus der Gemeng Kielen wäerte sech froe firwat des Leitplanken dann hannert de Beem opgeriicht goufen. Ma dëst huet natierlech e Grond: virun de Beem ass net genuch Platz, dëst wier einfach ze no un der Strooss gewiescht. Aus Sécherheetsgrënn sinn d‘Leitplanken dunn hannert de Beem opgeriicht ginn.