Activités & manifestations
18 février 2027
2027-02-18 00:00:00+01:00 19:00 23:59Informatiounsowend zum Thema: Optimiséierung vum Eegeverbrauch a Späicherung vun Energie
SHARE
Informations générales
Date et horaire : 18.02.2027 19:00
Lieu : Festsall
10, rue de Capellen
L-8393 Olm
Organisateur : Ëmwelt- an Energiekommissioun vun der Gemeng Kielen & Klima-Agence
D’Energietransitioun bei sech doheem
D’Ëmwelt- an Energiekommissioun vun der Gemeng Kielen organiséiert zesumme mat der Klima-Agence, dem nationale Partner fir Klima an Energie, en Informatiounsowend iwwer d‘Optimiséierung vum Eegeverbrauch.
Themen :
• Elektrifizéierung vum Doheem duerch Photovoltaik, Wärmepompel an Elektromobilitéit
• Optimiséierung vum Eegeverbauch
• Späicherméiglechkeete vum Stroum
• Staatleche Subsideprogramm Klimabonus Wunnen a kommunal Subsiden
De Klima-Agence-Beroder Andy Welter geet, ënner anerem, op d’Méiglechkeete vun der Elektrifizéierung vum Doheem an a gëtt Iech wäertvoll Informatioune fir Äre Klima- an Energieprojet ëmzesetzen.
De Virtrag ass op Lëtzebuergesch.
Kommt bis laanscht, mir freeën eis op Iech!