Parcs
Projet déposé
Publié le 24 octobre 2025

Kleng Zentralparken an eisen Dierfer

Budget Part_Park

Description du projet

Kleng Zentralparken respektiv Mini-Park op de genannte Plazen uleeën. Grondiddi kéint zB de Generatiounsgaart si, wéi zu Beefort https://beaufort.lu/decouvrir/... 

Op de Plaze kéint ee Bänken, Staudegäert, Rousegäert, Kraidergaart, Waasserspill, Dekoelement, Themeweeër (zB iwwer de "Buerweier" vu Kielen, d'Ollemer Kapell, Bongerte Keespelt a Nouspelt, asw...) uleeën. D'Bänke kéinte vum Kielener Atelier hiergestallt ginn, d'Blumme vum SICONA OUEST, Themesweeër vun der Kulturkommissioun.
D'Iddi vum ganze wier, fir eng convivial Plaz an den Dierfer hierzestellen, wou Jonk an Al sech kënnen treffen an austauschen. Et kéint ee souguer eng Plaz oder klenge Kiosk uleeë, fir eventuell Museksconcerte vun eise Gesellschaften ofzehalen, dat am Summer zB. 

Sou Zentralparken feelen an eisen Dierfer. An wisou net e grousse Gemengepark ariichten, op enger gëeegenter Plaz, sou wéi zu Mamer oder Miersch... Natur a Kombinatioun mat enger gewëssener Infrastruktur.

Buts du projet

E bessert Zesummeliewe mateneen, tëscht Jonk an Al, wou een sech gären ophält. Eng kleng Oas an de jeeweilegen Dierfer. Kenneléiere vun de Museksgesellschaften aus der Gemeng.

Public cible / Bénéficiaires du projet

D'Ëffentlechkeet, d'Awunner aus a ronderëm d'Gemeng Kielen.

Plus-values et impacts positifs pour les bénéficiaires et la commune

Eng verbessert Liewensqualitéit, Opwäertung vun den Duerfkären, Verschéinerung vun den Duerfkären, nohaltegen an ëmweltfrëndleche Projet.

Localisation du projet

Kielen "um Brill", Nouspelt "A Schockweilesch", Keespelt "Hannert der Haal Fakeme", Ollem "bei der Kierch".

Matériel et ressources nécessaires (locaux, ressources humaines, …)

Kielener Atelier, APEMH, Service Technique Gemeng Kielen, ANF, SICONA, Kulturkommissioun.

Tâches demandées aux équipes de l’Administration Communale de Kehlen

Kreatioun vu Bänken, Kreatioun vu Staudegäert, Rousegäert, Kraidergäert, Kreatioun Waasserspill, Dekoelementer.

Suivi du projet un fois réalisé

Gemeng Kielen

Budget estimé

16000 €

Vote à venir

Le vote pour ce projet n'est pas encore ouvert.

Le vote sera ouvert du 01/03/2026 à 7h00 au 15/04/2026 à 23h59.

Le vote n'est pas encore ouvert
Vote ouvert du 01/03/2026 à 7h00 au 15/04/2026 à 23h59