Activités & manifestations
22 juin 2025
2025-06-21 22:00:00+00:00 18:00 23:59Virowend vun Nationalfeierdag zu Keespelt

SHARE
Informations générales
Date et horaire : 22.06.2025 18:00
Lieu : Musekshal Keespelt-Meespelt
35, rue Pierre Dupong
L-8293 Keispelt
Organisateur : Gemeng Kielen
D’Gemeng Kielen invitéiert all hir Awunner um Virowend vun Nationalfeierdag, un de Feierlechkeeten zu Keespelt deelzehuelen, déi dëst Joer vun de Veräiner vu Keespelt-Meespelt zesumme mat der Kulturkommissioun organiséiert ginn.
Programm: | |
---|---|
18:00 | Te Deum |
18:30 | Feierlech Nidderleeë vun enger Gerbe beim “Monument aux Morts” |
18:50 | Depart vum Cortège fir an d’Musekshal Keespelt-Meespelt(bei schlechtem Wieder fält de Cortège aus) |
19:15 | Usprooch vum Buergermeeschter Iwwerreeche vun de Verdéngschtmedailen Éierewäin offréiert vun der Gemeng |
19:30 | Concert vun der Fanfare Kehlen |
ab 21:00 | Musikalescht Encadrement mat Saxitude an den DJs Jay & Jay |
De ganzen Owend ginn et Spezialitéite vum Grill, an och fir den Duuscht ass beschtens gesuergt.
Mir wäre frou wann d’Leit géifen de Fändel eraushänken.
Mir wënschen Iech all e schéinen Nationalfeierdag 2025.
Vive eise Grand-Duc, Vive eis groussherzog lech Famill, Vive eist Land!