Actualités Publié le 08 mai 2020

Europadag den 9 Mee 2020

fd37ad8fc08431db31093c248a1a30b5

Europadag den 9 Mee 2020

Leif Frënn, léif Awunner aus der Gemeng Kielen, léif Lëtzebuerger mee virun allem léif Europäer,

Et sinn elo genee 70 Joer dass ee vun den europäesche Pappen, de Robert Schumann seng Visioun vun engem friddlechen Europa a senger  Deklaratioun erkläert huet.

Et goung deemools em déi gemeinsam Wäerter wie  ennert aanerem Solidaritéit a Respekt vis a vis vu senge Matbierger an a virun allem et  goung em een Europa ouni Grenzen.

Et sollt dunn nach Joerzéngten daueren bis dass d’Idee vum oppenen Europa sollt wouer gin.

Mam Schengen Accord sollt du méiglech gi wouvunner Leit joerzéngtelaang gedreemt an iwwerzeegten Europäer joerzéngtelaang dru geschafft hunn.

An des Fräiheet, wat eng europäesch DNA ass, ass an de leschte Wochen brutal op d’Kopp gehäit gin.

Jo, mir sinn an enger internationaler Krisesituatioun, jo Europa a quasi déi ganz Welt ass heemgesicht gi vun engem Virus deen eis op de Buedem vun den Tatsaachen zréckbruecht huet.

E Virus deen der Mënschheet seng Grenzen opweist,  deen och der Globaliséierung Grenzen opweist , deen dem „ëmmer méi séier, méi grouss a méi méi méi“ d‘Grenzen opweist.

Mee eppes duerf keen an och kee Virus; dem fräien Europa seng Grenzen opweisen, zumoolst wann et zimmlech onsënneg schengt.

Mir hunn eis an de leschte Wochen souwuel hei am Grand Duché, wei awer och an den Nopeschgebidder hannert der belscher, franséischer an däitscher Grenz un stramm Restriktiounen gehalen.

An als alleréischt gehéiert all deenen déi sech dru gehalen hunn,  ee groussen Respekt an ee grousse Merci.

Dofir war an ass et hoffentlech och geschwënn méiglech de Virus an de Grëff ze kreien an en  hoffentlech mëttelfristeg z‘eliminéieren.

Mee dëst war eng europäesch Solidaritéit, eng hei an der europäescher Groussregioun an net nëmmen eng däitsch, franséisch, belsch oder lëtzebuergesch, nee et war eng europäesch.

Eng grenziwwergräifend!

Ëmsou méi erstaunlech ass et dann awer dass gemengt gouf de Virus duerch Grenzschléissungen an de Greff ze kréien.

Wessend dass awer weider de Frontalierstrafic huet musse weidergoen.

Ouni Frontalieren steet eist d‘Land stell, maan Kliniken an vill Servicer, déi och elo a Coranoanzaiten hu mussen wieder fonktionneiren, zou.

Zéngdausenden Léit, Frënn, Frënn aus Europa verdéngen zurecht zu Lëtzebuerg hiert Brout an nawell gi Grenzen zougemaach an europäesch Gedanken violéiert.

Awer net nëmmen gëtt zougemaach, mee et gëtt schikanéiert;

Zu Äischen mécht di belsch Police mat Päerd Grenzkontrollen op lëtzebuergeschen Territoire.

 Am Eisleck  kritt eng Dam vu St Vith, déi op letzebuergeschem Buedem schafft ee Protokoll wann se eng Dosen Eeër aus dem Supermarché vun der Schmett  mat heem hellt an an enger Minettsgemeng gi Leit aus dem Park, wou e puer Ar op franséischen Buedem leien, vun der franséischer Police interpelléiert a matgeholl. 

Op der däitscher Säit ginn et kilometerlaang Stauen fir d‘Frontaleieren déi all Dag eriwwer fueren. All Dag gi se ugehalen a mussen sech deene  selwechte Froe stellen.

 

Europa wat hunn se mat dir gemaach?

Ass et eleng Schold vun engem Virus.

Bréngt esou ee Virus et faerdech eng Frëndschaft, déi op de Schierbelen vum 2 Weltkrich opgebaut gin ass, et faerdech dass mir eis Noperen erëm rassistesch begéinen, jo erëm Haass entsteet bannent e puer Wochen?

Geet dem Mënsch säi klore Mënscheverstand  vu Matgefill a Solidaritéit nei méi wäit wie déi eegen Haut, ass den europäeschen Gedanken wierklech un der Viergaertchenspart eriwwer oder allerspéitstens un der Landesgrenz.

Nee, mir sinn iwwerzeegt dass et esou net an de Käpp vun eis all funktionéiert.

Wat sinn dat fir politesch Decideuren déi an Krisenzäiten just nach u sech un hier Popularitéit an hirem Walkrees denken an an de bëllegen Populismus falen.

Oh Europa wat fir eng Politiker si plaatzeweis  an dir grouss gi, a wat fir eng Leit hues du dir plaatzeweis op déi wichteg Platzen gesat?

Sinn dat déi Leit déi dech, jo awer net ganz gesonten Patient, sollen gesond regéieren?

Nee léif Frënn, et ass elo um Vollek un eis alleguerten Europa ze hëllefen an d‘Gedanken vu Solidaritéit, Mënscherechter a Fräiheet heichzehaalen.

Wann e puer politesch Decideuren et net kennen da maan mir et, wie a ville Gemeng op lëtzebuerger mee och op däitscher, franséischer a belscher Säit.

An die Aktioun vun haut mecht Mutt.

Mir zéien elo den Europafändel erëm op well mir un Europa gleewen.

Mir loossen eis eist Europa net futti mann, net vun engem Virus an och net vu Politiker deenen de europäesche Gedanken friem gin ass.

Vive eis Fräiheet , a vive Europa

Europa-Ried  (41.88 Ko)